Skip to main content

Charity Day 12.12.2026 14:00-17:00 Freedefeier

Op eisem Infostand informéiere mir doriwwer, wéi een Hënn a Kazen op Freedefeier virbereede kann, fir Angscht a Stress ze reduzéieren. Mir gin nëtzlech Tipps a weisen, wéi een säin Hond a Kaz an dëser stresseger Zäit am beschte kann ënnerstëtzen.

D’Evenement fënnt am Déierenasyl zu Esch statt a gëtt mat Kaffi a Kuch begleet. Och eise Charity Corner ass fir iech op, wou dir mat engem Akaf den Déierenschutz ënnerstëtze kënnt.

Mir freeën eis op äre Besuch!