Skip to main content

Ënnerstëtzt eis ❤️

E finanziellen Don maachen

D’Déierenasyl ass eng ASBL ouni fest Akommes. Mir sinn dofir ganz op d’Generositéit vun eisen Donateuren ugewisen, fir d’Fleeg an d’Fudder vun den Déieren esou wéi den Ënnerhalt vum Déierenasyl a sengen Installatiounen ze finanzéieren.

Är Done kënnen eemoleg gemaach ginn oder iwwer e permanente Bezuelungsoptrag. Dat erlaabt eis, iwwer méi reegelméisseg Recetten ze verfügen an d’Besoine vum Déierenasyl besser virauszeplangen.

👉 Finanziell Done kënne steierlech ofsetzbar sinn, wat se och fir Iech interessant mécht.

Bankkonto:
IBAN: LU44 0019 5603 8160 5000
BIC: BCEELULL
Kommunikatioun: Don SEPA

E Materialdon maachen

Fudder, Decken, Spillsaachen oder Material fir den Alldag: Dir kënnt Är Spenden direkt am Déierenasyl ofginn.

Well all Déier seng eege Besoinen huet, zéckt net, eis ze kontaktéieren, wann Dir e bestëmmt Déier ënnerstëtze wëllt. Mir kënnen Iech da soen, wéi eng Zort Fudder et reegelméisseg kritt.

Eng Patenschaft fir en Déier iwwerhuelen

Eng Patenschaft fir en Déier ze iwwerhuelen heescht, him wärend sengem ganzen Openthalt am Déierenasyl eng wäertvoll Ënnerstëtzung ze bidden. Är Hëllef dréit direkt zu senge wichtegste Besoinen bäi, wéi Fudder, veterinärmedezinesch Fleeg an aner néideg Ausgaben.

Fir verschidde Leit ass et leider net méiglech, en Déier bei sech doheem opzehuelen. Eng Patenschaft ass dann eng flott Méiglechkeet, eng Verbindung mat engem Déier opzebauen an et konkret z’ënnerstëtzen, bis et seng Famill fënnt ❤️

Dir kënnt Iech entscheeden, eng Patenschaft fir e bestëmmt Déier ze iwwerhuelen a seng Entwécklung matzeverfollegen.

👉 D’Déier bleift natierlech weiderhin zur Adoptioun fräi.

Zéckt net, eis ze kontaktéieren, fir méi iwwer déi aktuell Besoinen an d’Méiglechkeete vun enger Patenschaft gewuer ze ginn – iwwer de Formulaire hei ënnendrënner, per E-Mail oder per Telefon.

Member ginn

Member ze ginn heescht, e wichtege Bäitrag zum gudde Fonctionnement vum Déierenasyl an zum Schutz vun den Déieren ze leeschten. Är Memberschaft erlaabt eis, eis deeglech Aarbecht weiderzeféieren an eis laangfristeg fir d’Wuelbefanne vun den Déieren anzesetzen.

Wann Dir Member vun der SEPA gitt, gitt Dir Deel vun enger engagéierter Gemeinschaft, déi sech konkret fir d’Déieren asetzt ❤️

👉 Fir Member ze ginn, geet et duer, de Formulaire hei ënnendrënner auszefëllen an e Montant vun op d’mannst 15 € op eise Bankkonto ze iwwerweisen, mat der Kommunikatioun „Memberskaart 2026“.

Mir bieden Iech och, Är E-Mail-Adress an der Kommunikatioun vun der Iwwerweisung unzeginn, fir datt mir Iech duerno méi einfach kontaktéiere kënnen.